Premièresexamen: D'Proffen fille mat de Schüler

01/06/2022
Premièresexamen: D'Proffen fille mat de Schüler
Play

Et ginn där enger an et ginn där anerer. Mol hunn se Loscht, mol sinn se manner motivéiert. Mir hate bestëmmt alleguerte scho Proffe mat deene mer richteg frou waren, aner Enseignanten hu mer elo manner vermësst. Op der Première ass awer meeschtens eng besonnesch Ambiance an der Klasse sou ass och d'Relatioun mat de Proffen dacks eng aner. Den RTL Reporter ass de Moie scho gewuer ginn, wou d'Examen da stockéiert ginn, wei vill Aarbecht sou Ofschlossexame fir e Lycée bedeit an en huet mat engem Schüler geschwat, dee sech an de leschte Woche gutt präparéiert huet. E Méindeg de Moie war de Loïc Juchem am Lycée Nic-Biever zu Diddeleng an huet awer och mat de Proffe geschwat.