An de Kasematten: en UNESCO-Weltkulturierwen

08/06/2022
An de Kasematten: en UNESCO-Weltkulturierwen
Play

Eng Attraktioun, déi een hei am Land net verpasse sollt an déi bei villen Touristen och op der To-Do-Lëscht steet sinn d’Kasematten. Et ginn d’Bock-Kasematten, dat sinn déi méi bekannt an da ginn et och nach déi ënnert der Gëlle Fra. A genee do huet een elo e neit Liicht- a Soundkonzept installéiert, eppes wat et sou hei zu Lëtzebuerg nach net ginn ass. Et ass also d’Méiglechkeet des nei Attraktioun emol de Summer iwwer ze besichen. Den RTL Reporter Loïc Juchem mëscht dat schonn haut.