An de Kasematten: Neit Luuchten- a Soundkonzept
08/06/2022

Se sinn en UNESCO-Weltkulturierwen an zanter 1933 kann een se besichen. An elo gouf an de Kasematten eng Liicht- a Soundshow installéiert, gläichzäiteg huet een dovunner profitéiert vill Renovatiounsaarbechten ze maachen. Datt dat alles net sou evident ass, si mir de Moie scho gewuer ginn, well ënnert dem Buedem ze schaffen ass alles anescht wei einfach. Och fir den Zeenograph Tido Brussig vu München war et keen einfache Projet, mee awer e Flotten!
