Yoga: De Weltdag vum Yoga ass den 21. Juni
13/06/2022

Am Nepal mussen d'Schüler zanter kuerzem Yoga léieren. Um neie Léierplang si Yogaübunge wéi och Texter virgesinn, an eeler Schüler sollen sech nach méi speziell op Yoga an déi traditionell Heelkonscht vum Ayurveda spezialiséiere kënnen. Zu Lëtzebuerg ass dat net de Fall, mee et ginn awer ëmmer méi begeeschtert Yogis, sou heeschen déi Leit déi Yoga maachen. Dofir brauch een awer och déi néideg Coachen an dat ass e wäite Wee. Yoga-Proff gëtt een net einfach sou. Eng Formatioun vun 200 Stonnen ass de Minimum an no uewe gëtt et keng Grenzen. Am Virfeld vum Welt-Yoga-Dag hu mir ënnert anerem mam Coach Eileen geschwat.
