Yoga: Entspaanen op der Kinnekswiss

13/06/2022
Yoga: Entspaanen op der Kinnekswiss
Play

2018 gouf et laut Guinnessbuch vun de Rekorder déi gréisse Yoga Sessioun vun allen Zäiten. Méi wéi 100.000 Mënsche koumen dofir an der nordindescher Milliounestad Kota zesummen. Op der Kinnekswiss zu Lëtzebuerg gëtt sech och reegelméisseg getraff, fir zesumme Yoga ze maachen. D'Sarah Cattani ass Yoga-Coach an huet dësen Outdoor-Cours zesumme mat hirem Mann an d'Liewe geruff. Fir si zwee ass Yoga och net mat enger Sportaart gläichzesetzen, mee et wier éischter eng Philosophie. De Loïc Juchem war gëschter Moie bei herrlechem Wieder hir Yoga-Session besichen.