Antigaspi: Beim Champignonsproduzent
29/09/2022

Haut ass Antigaspi-Dag op RTL a mir stellen Iech de ganzen Dag Betriber an Aktioune vir, déi sech dofir asetzen näischt ze verbëtzen an engem Liewensmëttel och mol eng zweet Chance ze ginn. De Loïc Juchem hëlt eis elo mat bei e Champignonsproduzent op Wolz. Déi Wuer, déi de Supermarché him net ofhëlt,verkeeft hien awer nach an sou mussen déi Champignonen net ewechgehäit ginn.
