ADHS-Awareness-Month: Opklären a Sensibiliséieren

27/09/2022
ADHS-Awareness-Month: Opklären a Sensibiliséieren
Play

ADHS ass eng Stéierung déi dacks mëssverstane gëtt. Den Opmierksamkeetsdefizit gëtt jo meeschtens bei Kanner oder Jugendlechen diagnostizéiert, entretemps awer och bei villen Erwuessenen. Lo am Oktober soll sech de ganze Mount ëm Opklärung a Sensibiliséierung vun ADHS dréinen. An deem Kader organiséiert d’ASBL «Treffpunkt ADHS» eng Rei Liesungen a Konferenzen. De President vun der ASBL, den Dr. Alexander Marcus, huet dem Bakir Demic méi iwwer d’Associatioun, mä awer och iwwer ADHS selwer verroden.