RTL-Reporter Halloween; déi flottste Kostümer gi vun Hand gebitzt
25/10/2022

Wéi koum d’Traditioun fir sech och fir Halloween ze verkleeden bei eis ?
Am Joer 1991 gouf wéinst dem Krich am Irak an Däitschland d’Fuesent ofgesot. E puer gewiefte Geschäftsleit, déi hire Stock awer scho voll hate koumen dunn op d’Iddi fir och bei eis Halloween ze etabléieren, an dat huet funktionéiert, bis haut mat vill Erfolleg. Besonnesch d’Kanner verkleeden sech immens gären, zemools wann esou e Kostüm mat der Hand gebitzt gouf, eisen RTL Reporter, den Dan Vinkowski, war op Besuch am Atelier vun enger ganz kreativer Halloween Néiesch.
