Edward Steichen Award
26/10/2022

E Méindeg ass am MUDAM den Edward Steichen Award iwwerreecht ginn. All zwee Joer gi jonk, zäitgenëssesch Kënschtler oder Kënschtlerinnen mat enger Residence zu New York ausgezeechent, där Stad an där de berüümte Lëtzebuerger Fotograf gelieft a geschafft huet. A Präsenz vun der Grande-Duchesse Maria Teresa an der Urenkelin vum Edward Steichen Ariana Stahmer, kruten d'Eva L'Hoest an d'Nika Schmit de Präis 2022. Christiane Kremer
