L'Ukraine

26/10/2022
L'Ukraine
Play

Ganzer 8 Méint ass de Krich an der Ukrain lo schonn amgaang. Zënter dem Ufank vun der Invasioun goufen iwwer 2000 Ambulanzen a Pompjeesween zerstéiert. D’ASBL LUkraine huet dofir zesumme mat verschiddene Partner en Dënschdeg eng weltwäit Spendenaktioun ënner dem Slogan “Ukraine is calling” lancéiert. An deenen nächste Méint solle ganzer 10 Mio. Euro fir 112 nei Noutdéngschtween zesumme kommen. D’ASBL zielt virun allem op d’Hëllef vun der Zivilgesellschaft.Sabrina Backes