In pace: Coolio
01/11/2022

Gangster a Museker ënnert een Hutt ze kréien ass net einfach. Ma an der Rap-Kultur vun de 90er war et scho bal e "Must" béides mateneen ze kombinéieren. Ee Gansta-Rapper deen dat gutt konnt, war de Coolio. Mat Gangsta's Paradise huet de Coolio en Hit geschriwwen, deen engem nach haut eng Héngerhaut mécht, soubal een en héiert. De Grammy Gewënner, Museker an Acteur huet eis dëst Joer am Alter vu 59 Joer verlooss.
