Cyberkriminalitéit - wéi kann ech mech besser schützen?
28/10/2022

Dat séiert Geld, de Superjob, d'Dramhaus, eng riseg Ierfschaft, an natierlech och déi grouss Léift. "Scammer" si Leit, déi am Internet op allméigleche Kanäl mat gréissere Verspriechen ënnerwee sinn, an och vu Mailadresse gebrauch maachen, fir sech u frieme Suen ze beräicheren. D'Michèle Schons huet mam Steve Muller, Cybersecurity-Expert bei Bee Secure geschwat.
