In pace: Sophie Proost
01/11/2022

De 15. Januar ass am Alter vun 81 Joer d'Sophie Proost gestuerwen. D'Volleksschauspillerin war deene meeschten e Begrëff vun den RTL-Déckkäpp déi se vun der éischter Stonn un reegelméisseg begleet huet. De Patrick Greis erënnert un eng Fra déi nach méi ze bidden hat, awer ëmmer gären op der Bün stoung an nach léiwer d'Leit zum laache bruecht huet.
