Haut ass de Weltaidsdag

01/12/2022
Haut ass de Weltaidsdag
Play

HIV steet fir Humanen Immundefizienz-Virus. Dat lescht Joer goufen zu Lëtzebuerg 1.161 Mënsche mam Virus deklaréiert an 10 Fäll, bei deenen d'Krankheet AIDS detektéiert gouf. A béide Fäll muss et keng Fatalitéit méi sinn, wann elo de HI Virus oder den AIDS festgestallt gëtt. An den 1990er Joren hat sech ganz vill an der Medezin gedoen an et ginn entretemps Medikamenter, déi e Liewen erméiglechen, wéi wann ee kee Virus hätt. De Stefan Osorio krut 2010 d'Diagnos vum HI Virus a wousst, datt dëst elo net d'Enn vun der Welt wier, well et eben effikass Traitementer ouni Niewewierkungen dofir géif ginn.