Mat HIV liewen
01/12/2022

De Stefan Osorio lieft zanter 12 Joer mat der Diagnos HIV. Duerch effikass Traitementer, all Dag eng Pëll, lieft hie ganz gutt an ouni Niewewierkungen an hie kann och keen anere Mënsch méi ustiechen. Ufank der 1980er gouf dee Virus entdeckt, weltwäit hate sech Millioune Mënschen domadder infizéiert a gestuerwen. Ufanks koum et zur Panik an zu villen Desinformatiounen, déi sech laang an de Käpp gehalen hunn. Sou vill, datt ee verpasst huet wat sech an de leschte Joren an der Medezin gedoen huet.
