Nutri-Score - hëlleft dee wierklech?
13/12/2022

Léiwer en Uebstjus, oder eng Cola? Léiwer Schmant oder Zoossiss op d'Schmier? Wat fir e Liewensmëttel ass méi gesond? Bei deenen Decisioune kréie mer schonn eng Zäitche gehollef, mat faarwege Këschtercher a Buschtawen op den Iesswueren. Den Nutri-Score soll dem Konsument derbäi hëllefen d'Liewensmëttel no hirem Närwäert aschätzen ze kënnen. Zockerbommen a Fett-Iwwerschoss sollen esou vum Konsument erkannt ginn an zousätzlech kënnen och Produzenten hir Wuer veränneren, fir se méi "gesond" ze maachen. Mee ass d'Léisung wierklech esou einfach? D'Michèle Schons huet nogefrot.
