Europäeschen Dag vum Noutruff - Den Noutruff fir Noutfäll!

11/02/2023
Europäeschen Dag vum Noutruff - Den Noutruff fir Noutfäll!
Play

Ënnert dem Motto «Den Noutruff fir Noutfäll» wëll de CGDIS dëst Joer um Europäeschen Dag vum Noutruff e ganz bestëmmten Appell lancéieren. Dëst, well den 112 nach ëmmer ze dacks wéinst Situatioune kontaktéiert gëtt, déi keng Noutfäll sinn. Firwat dat sou problematesch ass, huet eis de Lieutenant-Colonel Christopher Schuh vum CGDIS erkläert.