Offallgesetz bei Events
27/02/2023

Manner Offall op Fester – dat ass d’Zil vum neien Offallgesetz, wat den 1. Januar 2023 a Kraaft getrueden ass. Zanterhier ass all Zort vun Eewee-Plastik-Geschier op ëffentlechen Evenementer verbueden. Fir ënnert anerem Plastiks-Telleren, -Becheren oder -Couverten, déi no enger Kéier Benotzen an der Poubelle landen, mussen also Alternativen hir.
