Astronaut fir een Dag - E Concours vun der Lëtzebuerger Weltraumagence
09/03/2023

Sech eemol wéi en Astronaut fillen an ouni Schwéierkraaft ronderëm schwiewen: Fir Jonker tëschent 13 an 18 Joer kann dëst Realitéit ginn! D’Lëtzebuerger Weltraumagence huet nämlech am Kader vun hirem 5. Gebuertsdag e Concours lancéiert, an dem Jonker en änlechen Ausbildungsparcours duerchlafe wéi e richtegen Astronaut. Méi Detailer heizou huet eis de Marc Serres, «Direkter vun der Luxembourg Space Agency» gezielt.
