Déiereschutz am Ausland: En Hond kënnt net als Superheld op d'Welt

14/03/2023
Déiereschutz am Ausland: En Hond kënnt net als Superheld op d'Welt
Play

14 Deeg esou laang huet en Hond a Rumänien Zäit, deen an engem ëffentleche Shelter sëtzt, fir vun sech ze iwwerzeegen. Duerno dierf en dem Gesetz no dout gemaach ginn. Dat sougenannten Tötungsgesetz gëllt elo nees knapp 10 Joer a gëtt a ville Stied nach applizéiert. 30 Asyler hunn esou eng Lizenz a Rumänien. Och soss ass d'Liewen als Stroossenhond net onbedéngt einfach: Krankheeten, den Trafic oder Mënschen, déi hinne schlecht wëllen. Vill Leit entscheeden sech dofir en Hond vun do ze adoptéieren an him e bessert Liewen ze ginn. D'Laura Scheuer vun der ASBL "Das schwarze Schaf" huet sech souguer entscheet fir ganz dohinner wunnen ze goen, fir sech ëm déi eemoleg Stroossemuppen ze këmmeren. Mir hunn hatt a sengem Alldag begleet an och no puer Tuyaue vun der Plaz gefrot, wann een sech da fir esou een Hond géif interesséieren.