Déiereschutz am Ausland: "Et war Léift op den éischte Bléck"
14/03/2023

Am Ufank stoung de rumäneschen Hond, esou op d'manst huet den Engagement vun den Déiereschützer, déi mir de Moien schonn héieren hunn, ugefangen. Si hunn en Hond aus Rumänien adoptéiert an sinn dun iergendwéis esou erageroden an engagéieren sech elo mat vill Häerz fir dës Déieren. Zwou Reportagen hun mir schonn vun der Plaz héieren. Elo maache mir d'Klammer zou a ginn dann bei Leit, déi net an enger Associatioun sinn mee esou en Hond adoptéiert hunn. Lea?
