RTL Reporter: am Bësch
23/03/2023

Nodeems mir dëse Méinden offiziell an d’Fréijoer gestart sinn, nodeems mer Gëschter d’Waasser um Weltwaasserdag gefeiert hunn, geet et haut fir den RTL-Reporter an eise schéine Bësch. Den Dag vum Bësch ass nämlech och an dës Woch gefall. Den Dag dee Muer zu Bäerdref gefeiert gëtt, an dofir hu mer de Chef vum Natur- a Bëschzenter « Burfelt » zu Ënsber, de Serge Hermes emol gefrot, firwat de Bësch fir eis Mënschen esou wichteg ass?
