Rebranding RTL - Bei der Tëlee
27/04/2023

Zanter gëschter Owend 19h00 huet RTL Lëtzebuerg e ganz neit Optrieden. De Logo hu mir changéiert a gläichzäiteg huet eise ganzen Tëleesprogramm vun elo un e neit Ausgesinn. Haut de Moien huele mir iech am RTL Wecker mat emol hannert d’Kulissen a schwätze mat deene Responsabelen déi an de leschte Wochen dofir gesuergt hunn, datt eisen neie Look zanter gëschter Owend iwwerall ze gesinn ass. Besonnesch op der Tëlee war dat vill Aarbecht, et huet ee mussen den alldeegleche Programm assuréieren a gläichzäiteg de neie Visuell vun eisen Emissiounen opbauen an och testen. Dem Loïc Juchem säin éischte Stopp haut de Moien ass also bei der Tëlee an huet do RDV mam Techneschen Direkter Jacques van Luijk.
