Porte-Ouverte op der Straussefarm

15/05/2023
Porte-Ouverte op der Straussefarm
Play

Se sinn 2,1 bis 2,8m héich, bis zu 140kg schwéier, kënnen mat bis zu 70km an der Stonn lafen a se liewen gréisstendeels an Afrika. Gemengt sinn d'Straussen. Awer gutt 200 vun hinnen fënnt een och zu Conter um Baurenhaff "An Nommesch".Den Haff, deen et zanter 1795 gëtt, an 130ha ëmfaasst, konnt ee sech de Weekend, mat all senge Bewunner ukucken. D'Martine an de Robert Axmann-Reuter haten op hiert 'Straussefest' invitéiert an aus dem ganze Land ware se komm.