Beim Waasser: Zu Iechternach um Séi

26/05/2023
Beim Waasser: Zu Iechternach um Séi
Play

Vum 1. Mee un ass et offiziell erlaabt, a verschidden natierleche Gewässer ze schwammen an dat geet da bis den 30. September. Aktuell sinn dat de Stauséi, de Séi zu Wäiswampech an och d’Baggerweieren. Den Owend kënnt awer e véiert Gewässer dobäi an dat ass den Iechternacher Séi. Eisen RTL Reporter ass de Moien op deene Plazen ënnerwee, wou ee, wann d’Temperaturen elo an de nächste Wochen hoffentlech klammen, sech kann zappe goen. Den Ufank mëscht de Loïc Juchem also elo zu Iechternach um Séi.