Weltbluttspenderdag: Den Don
14/06/2023

De 14. Juni ass all Joer de Weltdag vum Bluttspenden. De Gérard Floener ass den RTL Reporter deen selwer ausprobéiert huet, wéi dat ass, wann ee säi Blutt spent. Eng éischt Bluttanalys huet hie schonn hannert sech, an de Questionnaire mat deem ausgeschloss soll ginn datt hien net nach eng ustiechend Krankheet iwwert säi Blutt verdeelt, och. Da kënnt elo deen eigentlechen Don.
