RTL Reporter: Tour de Luxembourg 1
20/09/2023

Haut fänkt en un, de Skoda Tour de Luxembourg. Iwwert 5 Etappe kämpfen d´Coureuren och dëst Joer nees ëm déi bescht Plazen am Klassement. Et gëtt jo ëmmer vill iwwert d'Coureure geschwat, mee bei esou enger Course sinn natierlech nach vill méi Leit involvéiert. De Max Richartz ass elo bei engem Mann, deen sech éischter hannert de Kulisse beweegt.
