"Kannersécherung" fir Fortnite
04/10/2024

D’Popularitéit vu Gaming féiert ëmmer erëm zu Diskussiounen iwwert d’Videospill-Sucht bei Kanner. Mat ronn 650 Millioune weltwäit registréierte User, ass Fortnite eent vun de gréisste Spiller iwwerhaapt. Den Entwéckler Epic Games erméiglecht et Elteren elo, d’Spillzäit vun hire Kanner besser ze kontrolléieren.
