RTL Reporter: De Won vun der Landjugend Süden op der Dikrecher Kavalkad
28/02/2025

Zwee Kilometer ass de Cortège e Sonndeg op der Dikrecher Kavalkad laang an eng 52 Foussgruppen a Ween sinn do mat dobäi. Et ass déi éischt Kavalkad vun der Saison an et geet um 14h30 lass. Am Virfeld wollte mir scho kucken, ob d’Veräiner da scho mat hire Ween fäerdeg sinn a mir wollte wëssen, wat do kuerz virun der Kavalkad nach alles muss dru gemaach. Am Cortège mat dobäi ochd’Landjugend Süden an de Loïc Juchem huet sie dann och de Moie fréi scho getraff.
