Op de Punkt gewierzt: Peffer - dat schwaarzt Gold

Hie brennt op der Zong, hie këddelt an der Nues a bal keen Teller kënnt ouni en aus: de Peffer.
Schwaarz, wäiss, gréng oder rout, dee klenge Kär huet vill Gesiichter. Mee Peffer ass net just schaarf. Hien ass Geschicht, Luxus a Konscht gläichzäiteg. Scho viru méi wéi 2.000 Joer gouf Peffer wéi Gold gehandelt. Schëffer si fir hien ëm d’Welt gefuer, Verméige goufen opgebaut - an och verluer. Haut steet en onopfälleg nieft dem Salz um Dësch. An dach gëtt hie vill ze dacks ënnerschat. De Spëtzekach Pit Wanderscheid erkläert:
Peffer wiisst un enger Kloterplanz, haaptsächlech an Indien, Vietnam oder Sri Lanka. Jee nodeem, wéini en erageholl a wéi en verschafft gëtt, entstinn déi verschidden Zorten: Schwaarze Peffer gëtt onräif gepléckt a fermentéiert, wäisse Peffer gëtt geschielt, grénge Peffer bleift frësch konservéiert. A roude Peffer? Eng rar Spezialitéit.
D’Schäerft vum Peffer kënnt vum Stoff Piperin. Deen ass net nëmme fir d’Kribbelen zoustänneg, e mécht eis Geschmaachsknospen op. Peffer verstäerkt aner Aromen. Vläicht ass dat de Grond, firwat hie quasi iwwerall passt. Mee Peffer ass och empfindlech: Ze fréi matgekacht an e gëtt batter. Ze spéit dobäi a säi Goût bleift flaach. Timing ass alles.
Vläicht ass Peffer genee dofir dat wichtegst Gewierz vun der Welt: E verlaangt Opmierksamkeet a belount se mat Déift, Hëtzt a Charakter.
