Op de Punkt gewierzt - Muskotnoss

Fréier war se méi wäertvoll wéi Gold, haut ass se aus der Kiche kaum fortzedenken - d'Muskotnoss verbënnt joerhonnertenal Handelsgeschicht mat intensivem A
Si ass kleng, ronscheleg an onscheinbar - an awer gehéiert se zu de stäerkste Gewierzer vun der Welt: d'Muskotnoss. En Hauch dovunner geet duer, dass Gromperepüree, Bechamelszooss oder Spinat Déift, Wäermt a Charakter kréien. Dobäi war d'Muskotnoss net ëmmer alldeeglech. Am Mëttelalter war se méi wäertvoll wéi Gold. Wien se hat, huet Muecht demonstréiert, Räichtum a Weltoppenheet. D'Noss kënnt nämlech vun de Banda-Inselen an Indonesien. Joerhonnertelaang hu Kolonialmuechte versicht, de Monopol iwwert dat Gewierz ze kontrolléieren, deels mat brutale Mëttelen. Ma och haut nach gëllt: Manner ass méi.
