Déierentipp

27/01/2026
Déierentipp
Play

e Kazepatient mat EGK

D'RTL Déirendoktesch Romi Roth mat engem kuriéise Fall.

De Carlo, e wonnerschéinen, risegen Routtiger-Maine Coon war immens schlecht. Wéi mir hien dunn awer wéi eng Mumie mat enger Decken ëmwéckelt haten, konnte mir hien an der Schnëss ënnersichen. Du gouf och kloer, wou d'Kromm an der Heck war: dem Carlo säi Mond war bannendran wéi no enger Explosioun. Alles feierrout geschwollen an entzünt. De Carlo hat den 'Eosinophilen Granulom Komplex', EGK, oder och Kaze-Stomatitis-Komplex, bei dem den Immunsystem sech op eemol géint den eegene Kierper dréint an deen ugräift aplaz en ze verdeedegen.