Berlinale 2026

Preview op de Programm vun der 76. Editioun
En Donneschden ass d'Ouverture vun der 76 Editioun vum Filmfestival vu Berlin. E Blëck op d'Programmatioun, a besonnesch op d'Competitioun vun der Berlinale. Impressiounen an Erwaardunge mam Joy Hoffmann.
Op den éischte Bléck gesäit di Haapt-Kompetitioun vun der Berlinale aus, wéi eng Niewesektioun vu Venedeg oder Cannes, deenen zwee anere groussen europäesche Filmfestivaller.
Souguer fir e méi verséierte Cinephille ass an der Lëscht vun den 22 Kompetitiouns -Filmer kaum e bekannten Numm, a scho guer kee groussen Numm.
Och vun de 7 Jury Memberen, wou ee jo ouni Problem hätt kënnen op e puer méi bekannte Perséinlechkeeten zeréck gräifen, hunn ech perséinlech, mat Ausnam vum Wim Wenders als President , carrement kee kannt.
Den Ouverture Film "No good Men" vun der wéineg bekannter afghanescher Realisatrice Shahrbanoo Sadat, ass dann och viraussiichtlech richtegen Autorekino, wéi wann de Festival gezielt op méi populär a spektakulär Beiträg wéilt verzichten, fir esou dem Festival eng kloer staark artistesch Identitéit ze ginn.
Ob dat awer esou ganz fräiwëlleg ass , ass net sécher an hänkt wuel och deelweis un der Schwächt vum däitsche Kino.
Wärend Venedeg a besonnesch Cannes op excellent national Filmer kënnen zeréckgräife fir hir Programmatioun, huet Däitschland net allze vill opweises.
A wann dann och nach en exzeptionellen däitsche Film, wéi "IN DIE SONNE SCHAUEN" vum Mascha Schilinski, dee momentan nach bei ons am Kino leeft, et virzitt op Cannes a net op Berlin ze goen, da kritt d'Berlinale et natierlech schwéier.
Op den 2. Bléck muss een awer soen, dass di meeschte Filmer a Competitioun vu Realisateure kommen, déi trotzdeem awer schonn an de Jore virdru Filmer op grousse Festivaller haten, och wann déi net vill vu sech schwätze gedoen hunn; esou, dass een awer op gutt an interessant Filmer hoffe kann.
Och an der méi op de Grand Public ausgeriichter Sektioun "Berlinale Spezial Gala" sinn e puer Filmer, déi schonn zulescht zu Venedeg oder elo rezent zu Sundance selektionéiert goufen, an déi bekannten Nimm wéi Isabelle Huppert, Ethan Hawke an Amanda Seyfried op de rouden Teppech wäerte bréngen. An aus de Kompetitiounsfilmer kann een ëmmerhi mat Stare wéi Juliette Binoche, Channing Tatum , John Turturro, Amy Adams a Pamela Anderson rechnen.
Wéi mëttlerweil op ville grousse Festivaller, ginn och an Exklusivitéit e puer Episode vun de neisten Televisiouns Serie virgestallt: "House of the Spirits" an "Lord of the
Flies", baséiert op de Wierker vum Isabel Allende respektiv dem William Golding dierften hei wuel di attraktiivst Wierker sinn.
An zu gudder läscht sinn och nach 3 Lëtzebuerger Koproduktioune selektionéiert.
