Hitmaschinn 1971: Schülerstreik

De Schülerstreik vun 1971 zu Lëtzebuerg gëtt dacks als de 'Lëtzebuerger Mee '68' bezeechent.
Wéinst dem Verglach mat der der grousser Streik- a Protestwelle am Paräisser Mee 1968. Et war déi bedeitend sozial Beweegung déi de konservative Schoulsystem am Grand-Duché gerëselt huet. D'Revolt war zu Dikrech am Kolléisch ugaang. Et sollt Schluss si mat autoritären Erzéihunsmethoden. Meenungsfräiheet war gefrot an Zensur, ë.a. an de Schülerzeitunge sollt verschwannen. Aus Solidaritéit mat den Dikrecher Schüler gouf et Streiker an Demonstratiounen am ganze Land, ë.a. an der Stad an zu Esch. De Streik war e Katalysator fir e gesellschaftlechen Discours a Richtung Moderniséierung. Mam Abrëll 1971 soe se, koum den Dréi. D'Jugend huet e Recht kritt fir mat ze schwätzen. Op d'Liewen hei am Land gekuckt huet dëse Protest mat gehollef den Iwwergang ze maachen an eng oppen an demokratesch Gesellschaft.
