Eng Rees op Porto mat vill Kork

17/02/2026
Eng Rees op Porto mat vill Kork
Play

„Planet Cork“ zu Porto. De Christian Schmit ass do gewuer ginn dass Kork vill méi wéi just e Stopp fir de Wäinn ass.

Kork a Portugal dat gehéiert einfach zesummen an ass esou typesch. Kee Wonner wann e weess dass am Alentejo 50 % vun de weltwäiten Kork Eeche stinn. Am WOW, Wold of Wine Komplex, kann een andauchen an d’Welt vun dem natierleche Material a senge ville Virdeeler.

Kork, dat natierlecht Element, huet tatsächlech eppes Faszinéierendes Magesches u sech. Eis Haaptaufgab an an Zweck hei am Musée ze weisen dass Kork vill méi ass wéi just e Wäi Stopp, a mir kënnen seng Verwandlung an Veraarbechtungsméiglechkeeten an der Industrie ukucken.

Seet d’Manager Francisca Vasconcelos wat eis bei der Hand geholl huet, an ënnersträicht dass et ebe just vill vill méi wéi bitt, wéi just als Wäistopp verschafft ze ginn.

Hei kann een interaktiv vill léieren a gewuer ginn, dass zum Beispill d’Schuel vum Bam eréischt no 25 Joer eng éischte Kéier ka geschnidde ginn, an dann eréischt nees 9 Joer drop. Ganz schéi laang.

Eng Kork Eech steet ënner absoluttem Naturschutz, an dierf nëmmen an Ausnamefäll gehae ginn. D’Recolte ass an tëscht Unesco Welt Kulturierwen.

En ass ganz widderstandsfäeg, an dofir heescht et net fir näischt: Kee Bam gëtt méi a freet esou wéineg!

13 Billiounen Korkstëpp ginn all Joer op der Welt produzéiert.

De Kork mat senge villen Talenter an tëscht bis op de Mound gepaakt?

Jo dat stëmmt. Mat Kork geet et op de Mound wëll d’Rakéit domat bannenan agekleet ass. Bei eis am Musée gesäit een eng Replik dovunner. Kork ass e Material wat sech bei der Arrivée zeréck an d’Äerd Atmosphär net verännert oder beschiedegt gëtt.

Awer och am Sport a beim Film mécht e Karriär?

Awer och Mouden Designer schaffe gären domadder. D’Lady Gaga war mat hirem Kork Kleed eng wonnerbar Ambassadrice fir dat natierlecht Produkt.

Jo dat ass richteg. Dat ass warscheinlech déi bekanntste Perséinlechkeet. Jo dir musst eis besiche kommen fir ze gesinn dass mir méi iwwer Kork weisen wéi just deen techneschen Deel.

An och nohalteg! 10 mol besser an der CO2 Bilanz wéi e Plastik Wäi Stopp, an 24 mol besser wéi d’Capsule mam Dréiverschloss.