Dat Chineesescht Neijoerschfest: Traditioun, Famill a Gléck
17/02/2026

Et ass d’Fest vun der Famill. Egal ob een an enger Metropol lieft oder wäit ewech am Ausland, fir dës Deeg probéieren déi meescht, heem ze kommen. Et gëtt gekacht, gelaacht an zesumme gefeiert. Virum eigentleche Fest gëtt d’Haus grëndlech gebotzt. Dat steet symbolesch dofir, dat alt Ongléck hanner sech ze loossen. Wann d’Botz eriwwer ass, gëtt dekoréiert: Rout spillt eng zentral Roll, et ass d’Faarf vum Gléck a vum Schutz.
