Hitmaschinn 1971: E-Mail

Computere ware grouss, deier Maschinnen, déi vu Wëssenschaftler benotzt goufen. Ënnereneen hu se net kommunizéiert.
Bis den Informatiker Ray Tomlinson eppes Neies probéiert huet. Vu vir:
Den Tomlinson huet bei BBN geschafft, enger privater Recherche-Entreprise zu Cambridge am Massachusetts. 1968 krut d’Firma vum US-amerikanesche Verdeedegungsministère den Optrag, de sougenannten “Arpanet” ze entwéckelen – de Virgänger vum haitegen Internet. De Ray Tomlinson huet op eege Fauscht getüftelt. En hat nämlech d’Iddi zwee Computerprogrammer mateneen ze kombinéieren: dat eent konnt Dateien tëscht Maschinnen hin- an hirschécken, déi matenee verbonne waren. Dat anert huet – lokal, ëmmer nëmmen op enger Maschinn - sougenannt Mailboxen erstallt.
Fir de Mënsch, deen de Message soll kréien, an de Computer op deem Message ukënnt kënnen ze ënnerscheeden, huet e kuerzerhand en @ Zeechen tëscht de Numm vum Mënsch an dee vun der Maschinn gesat. Wéi den Tomlinson senge Kolleegen säi neie System demonstéiert huet sot ee vun hinnen: “Weis dat do nëmme kengem. Dat ass net dat, wourunner mir solle schaffen!” De Geschichtsbicher ass dat egal: de Ray Tomlinson gëllt bis haut als Erfinder vun der E-Mail!
