Berlinale 2026: Gelbe Briefe

14/02/2026
Berlinale 2026: Gelbe Briefe
Play

Virgëschter Owend war d'Ouverture vun der Berlinale mam Film NO GOOD MEN vun der Afghanescher Realisatrice Shahrbanoo Sadat.

An et war och en Owend mat Lëtzebuerger Bezuch.

Genau wéi d'lescht Joer, huet nämlech d'Désirée Nosbusch d'Zeremonie moderéiert bäi där ganz wéineg bekannte Stare präsent waren, ausser der Michelle Yeoh, déi en Eéiren Gëllene Bier iwwerreecht krut. D'Michelle Yeoh war vun den 80 er Joren un ee vun de bekanntste Staren am asiateschen Art martiaux an Action Kino, hat awer och eng remarkabel Carrière zu Hollywood, déi 2023 gekréint gouf mat engem Oscar als bescht Actrice am Film "Everything Everywhere All at Once".

Di Lëtzebuerger Firma Samsa Film hat 2019 de Film l'"Orphelinat" koproduzéiert, ebe vun der afghanescher Realisatrice, déi elo zu Berlin d'Ouverture gemaach huet. De Film war deemools zu Cannes an der Quinzaine des Realisateurs selektionéiert ginn. Wéi am August 2021 d'Taliban de pouvoir zu Kabul iwwerholl hunn, konnt Shahrbanoo Sadat, am leschte Moment mat Deeler vun hirer Filmequipp, ënnert deene bekannten dramateschen Ëmstänn evakuéiert ginn, an di Lëtzebuerger Produzente hunn mat Hëllef vum Ausseminister Jean Asselborn och hiert derzou bäigedroen. Haut lieft se an Däitschland, an hire Film NO GOOD MEN, erzielt, deels autobiographesch, d'Liewe vun enger Televisiouns Kamerafra an de Méint virun dem Fall vu Kabul bis zur hirer Flucht. Si bezeechent de Film selwer als eng politesch romantesch Komedie. Virun allem politesch a feministesch ass de Film, och wann sech diskret eng Libesromanz duerch di ganz Handlung zitt. Der Realisatrice geet et awer virun allem drëm, d'Liewe vun diverse Fraen ze beschreiwen, déi äusserlech gesinn, eng gewësse Fräiheet haten, éier d'Taliban de Pouvoir iwwerholl hunn. Mee am Fong hunn nach ëmmer archaesch a patriarchal Traditiounen déi afghanesch Gesellschaft bestëmmt, an där Korruptioun an d'Ënnerdréckung vun de Frae Standard war: dohier och den Titel "No Good men", deen d'Realisatrice allerdéngs relativéiert; an esou behält de Film dach, trotz dem Eescht vun der Situatioun e verhältnisméisseg moderéierte,mat Momenter bal liichten Toun.

Dat hu mer gëschter total vermësst an dem éischten däitsche Competitiounbäitrag GELBE BRIEFE vum Ilker Catak, den däitsche Realisateur mat tierkesche Wuerzelen, dee virun 2 Joren dee ganz kuerzweilegen a flotte Film "Das Lehrerzimmer" gedréit hat. Säi GELBE BRIEFE dogéint beschreift op eng ganz schwéierfälleg, wéineg spannend a laangootmeg Manéier de Konflikt an enger Artiste Koppel, an hir laang Diskussiounen iwwert d'Ethik an der Konscht, um Hannergrond vu politescher Zensur. Decidément, psychologesch Dramen an Ausernanersetzunge geléngen den däitsche Realisateure ganz selten, an se hätte besser eppes vun de Fransousen an de Skandinavier ofzekucken.

An ebe just den éischte franséische Film dee mer elo grad hei a Competitioun gesinn hunn, huet ons eng ganz gutt Impressioun hannerlooss.