Save a Life
24/02/2026

Et kann all Mënsch treffen – Leukemie. Vun engem Dag op deen aneren ännert sech alles. Fir vill Betraffener ass eng Stammzellespende déi eenzeg Hoffnung. D'Caroline ass 15 Joer al an ass Äiskonschtleeferin am Lëtzebuerger Nationalkader. 2 Wochen no enger internationaler Competitioun krut et déi schwéier Diagnos: Leukemie. Aus der Solidaritéit huet de Skating Lëtzebuerg sech zesumme mam Plooschter Projet den Dag vum 28te Februar an der Victor Hugo Hal fir eng Typiséierung erausgesicht. Et ass en Opruff fir d'Caroline z'ënnerstëtzen elo an sengem Parcours mat der Leukemie mä et ass och fir all Leukemie Patient, wou d'Hoffnung wiisst, fir wierklech elo vill Leit beweegt ze kréie fir sech testen ze loossen.
