Kräizkümmel - De Geroch vum Orient

27/02/2026
Kräizkümmel - De Geroch vum Orient
Play

An eiser Gewierz-Serie geet et haut ëm e klenge Som mat engem immens staarke Charakter: de Kräizkümmel. Vill Leit verwiessele Kräizkümmel mam gewéinleche Kümmel, mee geschmaachlech leien do Welten tëscht. De Kräizkümmel kënnt vun der Planz Cuminum cyminum a gëtt zanter méi wéi 4.000 Joer benotzt. Besonnesch wichteg ass en an der indescher an arabescher Kichen.