Festival des Migrations des Cultures et de la Citoyenneté
19/03/2026

Dëse Weekend gëtt an der Luxexpo gekacht, musizéiert, gedanzt - vu portugisesche Spezialitéiten iwwer afrikanesch Musek bis bei osteuropäesch Konscht - d’Diversitéit vum Land gëtt hei siichtbar. Mee de Festival ass méi wéi just Iessen a Musek. Hien ass virun allem eng Plaz fir Austausch.
Parallel dozou leeft och de Salon du Livre et des Cultures. Do stellen Autorinnen an Auteuren aus verschiddene Länner hir Bicher vir. An an der ArtsManif-Zone steet Konscht am Mëttelpunkt. Molerei, Installatiounen oder Performance - vill dovun mat engem ganz perséinleche Bléck op Identitéit a Kultur.
