Neelcheskäpp - e klenge Klassiker an der Kichen
13/03/2026

Eng eenzeg kleng Knosp geet schonn duer - Neelcheskäpp zielen zu de Gewierzer, déi ee mat Gefill doséiere muss. Déi kleng, donkel Knospen, déi ee bal an all Kichen fënnt, richen intensiv, e bëssen no Chrëschtdag, e bëssen no Wäermt an no wäit ewech. Dobäi kommen se ursprénglech vun enger klenger Inselgrupp an Indonesien. Gewonne ginn se vum Neelchesbam. Si gesinn aus wéi e klengen Nol mat engem Käppchen uewen. Dohier och den Numm.
