Gesondheetstipp: Fit am Alter
12/03/2026

Übungen fir am Grupp oder eleng
Wann een bemol selwer an déi Kategorie gehéiert, interesséiert een sech nach méi vir all nei Etuden zum Sujet. Hei ass lo de neisten Trend aus Harvard. Ab 60 ass net joggen oder walken dat Bescht mee Kampfsportaarten wéi Tai Chi an Qi Gong. Also gekämpft gëtt do net wierklech, mee déi fléissend Beweegungen, Posturen an Otemtechniken verbesseren déi intern Kontrollsystemer an den Immunsystem. Vu dass dat dacks Coursen am Grupp sinn, hëlleft et och bei soziale Kontakter géint d'eleng sinn.
