Déierentipp: postoperativ Katastroph
12/03/2026

Wann ee mengt eng Operatioun wier gegléckt
Net steriliséiert Kazemudderen kréien zu 100% sécher béisaarteg Tumeuren un de Mamen, den Eeërstäck an der Gebärmutter. Et huet een deemno do also guer kéng Wiel, déi OP muss einfach sinn. Esou och fir dat klengt Susy.
Mee wéi d'Meeschtesch mat hirer Kaz an d'Post-OP-Kontroll koum, mat dem gudde Rapport, dass hatt erëm ganz wéi ëmmer wier a spillen a friesse géif, wéi wann iwwerhaapt näischt gewiescht wier, ass d'Déierendoktesch, beim Bléck op säi Bauch bal ëmgefall vu Schreck.
