Green Chef International an Dänemark

21/03/2026
Green Chef International an Dänemark
Play

De Grand-Duché ass eng vun 8 Ekippen déi en 3 Gang Menu fir 12 Leit musse preparéieren an zerwéieren.

De Christian Schmit konnt beim leschten Training de Spëtzekäch iwwer d’Schëller kucken.

An dat war am prestigiéise Kader vum Golf um Beelenhaff. Thomas Murer an Victor Thill sinn di zwee un de Kachplacke fir eis Faarwen. Déi hunn Erfarung mat esou Kompetitiounen, hu jo d’lescht Joer e Worldchefs Concours a China fir sech entscheet.

Mee Green Chef International 2026, wat ass dat eigentlech genee? De President vu VATEL Luxembourg a Coach, Ben Weber.

Green Chef ass an d’Liewe geruff ginn, fir eng ganz aner Approche fir d’Kachen ze kréien. Dat heescht wierklech nohalteg ze kachen, méiglechst wéineg Energie ze verbrauchen, esou lokal wéi méiglech ze schaffen. Et muss net onbedéngt vegetaresch oder vegan sinn, mee et dat ass awer och mat dobäi.

Wat ass d’Virgab a wat leit am Wuerekuerf ?

Bei der Entrée hu mir den Apel, Oeuf florentine ze respektéieren, Thymian muss mat dra sinn a gekrauselte Kabes. Beim Haptplat do geet em méi buedemstänneg Saachen wéi Gromperen, Lënsen, an Topinambur mussen do onbedéngt an der Recette sinn. Fir den Dessert musse si respektéieren fir wäisse Schokela, Verveine an Ananas verschafft ze hunn.

Da komm mir luusse mol op de raffinéierten vegateresche Menu mat eisen zwee Käch?

Nous on a travaillé le chou sur trois manières. En huile, enbeurré, et on l’a travaillée en condiment cru mélangé avec la pomme dans un condiment vinaigré, l’œuf pochée et la sauce en émulsion pour avoir un peu plus de légèreté là-dessus.

Fir den Haptplat dann ënner anerem?

Mir hunn e Mille Feuilles de pommes de terre, de créséiere mir an do dran ass e compoté de lentilles, rafrâichéiert mat Zitroun an Esseg, an uewen drop da nach eng ganz frësch Champignonszalot. An da ganz vill Pickles mat Wuerzerlgeméis. Do dernieft Topinombur verschafft an dräi verschidden Texturen.

Beim Dessert, och en Challenge? Do hu mir eng Merengue déi ausgesäit wéi eng Form am Parzeläin wär, ass et awer net?

Ech méngen di Merengue hu mir 200mol probéiert bis mir op dat Resultat komm sinn.

Gefëllt mat engm Biscuit mat Rhum, uewendrop e Crémeux mat Verveine, dann Ananas déi hu mir esou gelooss, déi ass jo séiss genuch. Dann hu mir e Sorbet gemaach mat Ananas a Verveine, Espuma mat wäissem Schokela, an dann ass den Dessert scho fäerdeg.

De Vatel Luxembourg, déi och d’Expogast organiséieren, zesumme mat enger Rei Partenairen ënnerstëtzen den Thomas Murer an den Victor Thill op der ganzer Linn, an d‘Motivatioun ass top?

On essaie d’aller le plus haut possible et de ne pas decevoir tous ceux qui nous ont soutenus jusqu’à présent.