Wann d'Natur eis feelt

10/04/2026
Wann d'Natur eis feelt
Play

Mir kucken op eise Handy nach iert mer iwwerhaapt aus dem Bett sinn. Den Alldag spillt sech dacks virun engem Ecran of - egal op bei der Aarbecht, der Fräizäit, oder bei der Kommunikatioun. An dobäi verléiere mir lues a lues eppes, wat fir eis eigentlech ganz natierlech ass: d’Verbindung zur Natur. Experte schwätzen hei vun enger Zort Defizit. Net u Vitaminnen, mee un Natur. Well eise Kierper an eise Geescht sinn net dofir gemaach, fir permanent an zouene Raim ze sinn, ënner kënschtlechem Liicht, mat engem konstante Floss u Reizer.