Salz - méi wéi nëmmen eng Prise

10/04/2026
Salz - méi wéi nëmmen eng Prise
Play

Salz. Eppes esou Simples - an dach esou fundamental. Mir huelen et all Dag an d’Hand, streeën et iwwert eis Iessen, ouni wierklech driwwer nozedenken. Mee Salz ass vill méi wéi just e Gewierz. Zanter Dausende vu Joren huet Salz eng wichteg Roll gespillt – net nëmme beim Kachen, mee och an der Geschicht. Et war esou wäertvoll, datt et fréier esouguer als Bezuelmëttel gedéngt huet. Vun do kënnt och den Ausdrock: „säi Salz wäert sinn“.
Mee wat mécht Salz eigentlech esou speziell?