Kurkuma – déi gëlle Kraaft aus der Natur

01/05/2026
Kurkuma – déi gëlle Kraaft aus der Natur
Play

Seng intensiv giel Faarf fält direkt op. Bal wéi Sonneliicht um Teller. Mee hannert där Faarf stécht vill méi: eng Traditioun, déi dausende vu Joren al ass. Wat de Kurkuma esou besonnesch mécht, ass säin Haaptbestanddeel: Curcumin. E Stoff, deen dacks mat antioxidativen Eegenschafte verbonnen ass. Schonn an Asien gouf Kurkuma fréi benotzt – net nëmmen an der Kichen, mee och an der traditioneller Medezin an esouguer bei reliéise Ritualer. Haut huet et de Wee an eis Kiche fonnt an ass méi populär wéi jee.