Spargelsaison - vill Aarbecht fir kuerz Freed

04/05/2026
Spargelsaison - vill Aarbecht fir kuerz Freed
Play

D’Spargelsaison ass zu Lëtzebuerg voll amgaang. Mir ware mam Spargelbauer Yves Hoffmann um Sonnebierg op d'Feld. Zu Lëtzebuerg ass dat eng ganz besonnesch Zäit am Joer. Tëscht Abrëll a Mëtt Juni gëtt all Dag gestach an dat heescht virun allem: fréi opstoen, haart schaffen an ëmmer e Bléck op d’Wieder hunn.