Spargelsaison - d'Rees vum Feld op den Teller

04/05/2026
Spargelsaison - d'Rees vum Feld op den Teller
Play

Et ass Spargelzäit... an dat bedeit net nëmme kulinaresch Freed, mee och vill Aarbecht hannert de Kulissen. Wéi kënnt de Spargel eigentlech vum Feld op eisen Teller? Um Sonnebierg gesäit een laang Reie vun Äerdwäll. Do drënner wiisst de wäisse Spargel, geschützt virum Liicht, fir seng hell Faarf ze behalen. D’Recolte ass eng Handaarbecht, déi vill Gedold verlaangt. All Spargel gëtt eenzel gestach. Et gëtt keng Maschinn, déi dat esou präzis maache kann wéi e Mënsch. Nodeems de Spargel aus dem Buedem geholl gëtt, muss alles séier goen.